Aktuell Informatioun an Dokumentatioun iwwert d’Verfassungsdébatt zu Lëtzebuerg
 
Newsletter

Abonnieren Sie unseren Newsletter:

Agenda

Kollwelter, Serge : Vive den Débat !

Wéi bis feststong datt mer sollten via Referendum iwer de Verfassongstext ofstemmen, hun ech ugefang mer den Texte unzekucken. Du kennt eng nei Fro op, an zwar t’Vertrauensfro fir eise Premier. Doropshin duecht ech : peine perdue fir déi honnerte Seiten Text ze liesen, iwer de Premier ofstemmen fellt mer vill méi liicht. Woubei et mer net kloer wär op an der Teschenzeit t’Fro um Wahlziedel geännert gouf. Mé nujee : a Frankreich an an Holland stong och nemmen eng Fro um Ziedel an trotzdeem gouf op ville aner Froen, déi net um Ziedel stongen, geäntwert. Fir wat sollte mir dat aanescht man, besonnesch wann mer vun engem vers’erten an iwerzeegten Europäer praktesch derzou opgefuerdert gin. No dem duebelen Neen göt aus dem Text wéi e virleit, ni eng Verfassong. Net esou schlömm, well schons ass eng nei Erausfuerderong erugewuess : den 10. Juli stömmen déi 220 000 Letzbuerger Wieler iwer Zukonft vun der EU of. Pardon, dir sot daat steng net um Wahlziedel. Steet och net drop, well en ass scho färdeg gedreckt. T’ganz Welt kuckt op eis : dach net wéinst engem Text deen et net mi get ?

Eigentlech wollt ech net iwer de Referendum schwätzen, mee iwer dat grousst Interessi daat Europa an t’Europäesch Unioun wéinst dem Referendum kennt. Ech fannen dat och ganz super. Wann awer sou eng Feststellong vu Seiten vun alle Politiker kennt, kre’en ech Probleemer. Déiselwecht hun seit den éischten Europawahlen vun 1979 alles gemat fir datt keen Débat iwer Europa zu Letzebuerg statfonnt huet, well pünktlech zu deem Termin national Wahlen sin. Regelmässeg huet een all 5 Joer vun hei a vun do e kuerzt Bedaueren he’eren iwer döst Zesummenfaalen vun deene 2erlee Wahlen. Fir eng regelméisseg Debatt iwer Europa ze kre’en hätt een ELO Neel mat Käpp kenne man an déi 2 Terminer vuneneen trennen. Neischt ze he’eren, neischt ze gesin an där Richtong. Schued oder Politikerreflex : um Europawahldatum ass neischt ze änneren, dee gött zu 25 festgeluet. Also misste mer eis Chamberwahlen verleen. Am beschten e gudd Steck ewech vun deenen europäeschen, zum Beispill e ganzt Joer. Et kan nun awer mool net sin datt mer t’Mandat vun eisen Depute’erten em ee Joer verlängeren : neischt widersetzt sech et em e Joer ze verkierze. Dierf een hei weider fueren ouni an t’Utopie ze falen : déi fir 5 Joer gewielten Depute’erten géifen Europa an Europadiskussioun zur Léift hiert Mandat och nömmen öm 6 Méint verkierzen ?

Nom 10. Juli huet sech - egal wéi t’Resultat ausfellt - döse Souci vum Europadeebat geluet, an am Juni 2009 gi mer brav deeselwechte Sonnden fir de Krautmaart a fir Stroosbuerg wielen. Dobei wier döt en Domäne dé mir selwer zu Letzebuerg kläre könnten, ouni anerer froen ze mussen. Leider géif datt heeschen datt eis Politiker Europa seriö huelen, de Wieler sériö huelen an sech selwer seriö huelen. Vleicht ass et méi einfach Krokodilstréinen ze vergéissen iwer Tatsach datt déi 2 Terminer openeen falen !

Vive den Débat a vive Schluss dermatt !

Vous êtes ici : Sommaire > Die Debatte in Luxemburg > Wortmeldungen > Kollwelter, Serge : Vive den Débat !