Aktuell Informatioun an Dokumentatioun iwwert d’Verfassungsdébatt zu Lëtzebuerg
 
Newsletter

Abonnieren Sie unseren Newsletter:

Agenda

E. Mousel : Neuverhandlung

Emile Mousel (emile.mousel@internet.lu) schreibt am 15. April 2005 14:44 :

Ech hun en Donneschteg den Owend, den 14.04.05, de Jacques Chiac gelauschtert, wéi en de jonke Fransousen op hir Froën sollt äntweren. Dobäi sin ech rose gin ewéi eng Bei. En huet, ménger Meenung no, net richteg op de Jongen a Meedercher hir Froë geäntwert, an amplaatz huet en dauernd vun europäësche Wärter, vu "keng Angscht hun", vu franséischen Interessen a Wärter, vun der béiser globaliséierter Welt ronderëm eis a vun Demokratie geschwaafelt. A gläich drop huet en op d’Fro, op een d’Verfassung no engem majoritären NEE net nei verhandele kéint, als net seriös ofgelént. Dobäi wellen déi meescht Leit jo net keng Verfassung, ma nëmmen eng méi sozial an echt demokratesch. An déi nennt de Chirac dann onseriös. Fir richteg misst hén sech jo dann en neit Vollek wielen. Zum Fong vun der Saach sin ech der Mänung vum Änder Hoffmann a vum Nico Wennmacher an hiren Artickelen am "forum" Nr. 244.

Ech géif alle Leit roden sech de Kapp doriwer ze zerbriechen an en net an de Sand ze stiechen an sech emmer déi wichteg Fro ze stellen firwaat wien wat sét. Traut dénen déi Macht a Geld wellen vu firan nët.

Mousel Emile vu Leewel

Vous êtes ici : Sommaire > Redaktion > E. Mousel : Neuverhandlung