Aktuell Informatioun an Dokumentatioun iwwert d’Verfassungsdébatt zu Lëtzebuerg
 
Newsletter

Abonnieren Sie unseren Newsletter:

Agenda

J-J Muller : Fehlend Steierharmonisatioun

Jean-Jacques Muller (jean-jacques.muller@education.lu) schreibt am 17.Mai 05 11.30 :

Salut

Eng grouss Gefor ass a mengen Aen déi fehlend Steierharmonisatioun. Hir d’Fehlen mecht d’Dir op fir Steierdumping, niddreg sozial Abgaben, fehlend Emweltsteier (déi do wou se ass vun Firmen zu engem Standortnodeel ausgeluet gët) a biirgt de Risk, dat do wou et héich Standard’en gët d’Salariat an d’Gewerkschaften erpressbar gin. Eng Harmonisatioun, sou steet et an dem Text géif sech duurch Marktprozesser astellen, mee dat gët menger Usiicht no nëmmen eng Unpassung no ënnen. D’ Nobesseren kann vun enger Vetoblockade vun engem eenzegen E.U.-Member verhënnert gin, well fir eng Verfassungsännerung net eng qualifizéiert Majoritéit vun de Memberen duergeet, mee et muss Unanimitéit gin.

Ech mengen dass fir d’éischt muss nogebessert gin, éier een mat engem Jo zum aktuellen Verfassungsvirschlag an eng sozial Saakgaass steiert.

Jean-Jacques Muller

Vous êtes ici : Sommaire > Redaktion > J-J Muller : Fehlend Steierharmonisatioun