Aktuell Informatioun an Dokumentatioun iwwert d’Verfassungsdébatt zu Lëtzebuerg
 
Newsletter

Abonnieren Sie unseren Newsletter:

Agenda

LuLu : Referendum an EU-Erweiderung

Ech fannen et net gutt, dass am Kader vun där Informatiounskampagne iwwert déi sougenannten EU-Verfassung, déi elo endlech op Toure kënnt, eis Politiker och an den Zeitungen mordikus versichen, eis déi angeblech positiv Aspekter vun deem Schrëftstéck schmackhaft ze machen, bzw. Froen vun den Biirger nëmmen an engem optimistesche Sënn beäntweert ginn.

Firwat net déi eenzel Aspekter "pro" a "contra" beliichten, bzw. Froen souwuel vun enger kompetenter Persoun, déi derfiir ass, wéi och vun enger, déi géint dee Verfassungstext ass beäntwerte loossen ?

Déi Plakater, déi zënter en etlechen Deeg laanscht d’Stroosse stinn an de Biirger an alle Sproochen opfuederen, mat Jo ze stëmmen, empfannen ech als en onakzeptable Manipulatiounsversuch, genau esou wéi den in- an auslännesche Politiker Panikmache, dass e Neen zu demm Verfassungstext d’Enn vun der Welt, oder zumindest vun Europa, wier. Eng vill méi grouss Gefor fir den totale Crash schéngt mir éischter an der iwwerstierzter Erweiderung vun der EU ze leien : Wann d’Politiker an der Schoul am Geschichtsunterricht besser opgepasst hätten, da wéissten si, dass nach all Staat oder Staatsverbond, deen ze grouss gin ass, fréier oder spéider mat groussem Fracas zesummegefall ass, an d’Völker aus deene bedeelegte Länner an hirer Entwécklung ëm Johrhonnerten zréckgeworf goufen.

Vous êtes ici : Sommaire > Die Debatte in Luxemburg > Wortmeldungen > LuLu : Referendum an EU-Erweiderung