Aktuell Informatioun an Dokumentatioun iwwert d’Verfassungsdébatt zu Lëtzebuerg
 
Newsletter

Abonnieren Sie unseren Newsletter:

Agenda

Ben Fayot : Bericht über den Europäischen Verfassungsvertrag

Mardi 28 juin 2005

Discours de Ben Fayot, rapporteur du projet de loi 5442

Rapport oral sur le Traité constitutionnel

Letzeburg brauch d’EU méi wéi irgend en anert Land.

D’EU war an ass fir Letzeburg seit Enn vum 2.Weltkrich e Glécksfall, den ons zu engem modernen, reichen a sozial gerechten Land gemaacht huet.

D’EU ass d’Garantie fir ons Eegestennegkeet an ons Identitéit. Sie schützt ons vrun Nationalismus a Gleichmacherei. Sie hëlleft ons um Wee an d’Zukunft.

Wa mer den 10. Juli 2005 iwer d’EU-Verfassung ofstëmmen, da stëmmen mer och iwer d’Zukunft vu Letzeburg an der EU of. Mir stëmmen dobei iwer en europäesche Gesellschaftsmodell of, deen modern Wirtschaft, soziale Schutz an Nohaltegkeet am Gleichgewicht hält.

D’Europäesch Unioun ass eng eemoleg Entreprise an der europäescher Geschicht. Et ass den réusséierten Zesummeschloss vu souveraine Länner, déi aus freie Stécker zesummeschaffen, fir Fridden a Wuelstand ze schafen.

Dës Unioun huet sech iwer en hallewt Jorhonnert entwéckelt a gefestegt.

D’Haptziel war an ass ët, durch Zesummenaarbecht d’ Géinteneen vun de Länner, nämlech den Nationalismus ze iwerwannen.

Trotz dem halwe Jorhonnert Zesummenaarbecht bleiwt dës Constructioun eppes Fragiles.

Dat emsou méi wéi ët ënnert de Länner grondverschidden Conceptiounen iwer d’Zukunft vun der europäescher Integratioun gët.

Mir wëllen Solidaritéit, aner wëllen nationalen Egoismus. Mir wëllen en Europa fir d’Menschen, aner wëllen en Europa fir de Profit. Mir wëllen ons Sozialsystemer an öffentlech Dengschter erhalten an ausbauen, aner wëllen se um Altor vum Wuestem afferen. Mir wëllen nohaltege Wuestem, aner wëllen Wuestem zu egal wat fir engem Preis.

E Jo zur europäescher Verfassung ass dofir e Jor zur europäescher Zesummenaarbecht, ass e Jo um Wee weider zu méi an méi efficace Zesummenaarbecht,

En Neen ass eng Aventure, well kee weess wou en hiféiert. Den Neen a Frankreich an an Holland huet d’EU an eng déif Kris gepucht.

Wa Letzeburg trotz dem Neen haut d’Constitutioun ratifiéiert an d’Vollek den 10. Juli driwer ofstëmmt, ass dat eng staark Ausso fir all déi Fortschrëtter, déi an der Verfassung fir e bessert Europa stin.

Här Präsident,

Dat wat mer an där ganzer Campagne iwer d’Verfassung opgefall ass, ass engerseits en déift Onverständnis vun der EU, mais och d’Fuerderung no engem ganz aneren Europa wéi dem, wat mer 50 Jor laang a freier Partnerschaft matt den anere Länner opgebaut hun.

Mir hun elo eng EU matt 25 onofhängegen a freie Länner, déi Deeler vun hirer Souverainetéit zesummeleen an an der EU zesummen géréieren.

Dës Unioun därf nëmmen dat maachen, wat d’Länner wëllen, dass se mecht.

Et gët awer Leit, déi mengen, ët kënnt een Länner an eppes era forcéiren, wat se nët wëllen. Déi liewen nach a Virstellungen vu virun 1990. Nun ass d’EU awer keng Sowjetunioun, wou alles vun uewen erof décidéiert gouf. Bréissel ass nët Moskau.

Et gët der och, déi mengen, ët kënnt een durch en Neen zur Verfassung eng Neiverhandlung kréien an erfollechreich durchzeien.

Dat ass am beschte Fall eng Illusioun, am schlëmmste Fall e Bedruch.

D’Illusioun ass am gaang a Frankreich ze platzen, wou d’Koalitioun vum Neen keng Alternativ färdegbrengt, mais d’EU an eng déif Kris gestirzt huet.

Déi Illusioun platzt och an Europa. Déi 25 Länner, déi matt vill Méi de Verfassungsvertrag ausgehandelt an ënnerschriwen hun, handelen nämlech keen neien Vertrag aus, och nët no der Peif vum Hr Emmanuelli, de franzéischen Kommunisten an Trotzkysten, oder den HH Hoffmann, Turpel a Co.

Ech warnen an dem Zesummenhang d’Letzeburgerinnen an d’Letzeburger vrun eppes aneschtes, wat hannert dem Neen a Frankreich an zu Letzeburg leit.

Et ass d’Virstellung vun engem anscht strukturéierten Europa wéi dat wat mer elo hun.

Ennert dem Deckmantel vun engem méi sozialen Europa soll en zentraliséiert Europa entston, wa méiglech no franzéischem Muster. En Europa an dem d’Steieren an de Sozialstaat vun uewen erof décidéiert solle gin. En Europa, an dem d’TVA iwerall sou héich wéi a Frankreich soll gin. En Europa, an dem d’franzéisch Steierverwaltung an de Letzeburger Banken aus an an géifen goen.

Am Europa vum Hr Emmanuelli huet Letzeburg keng Chance, seng Nischen ze besetzen, seng Flexibilitéit a seng Trëmp auszespillen. Den Hr Emmanuelli huet schon e puermol klor gemaacht, dass en nët frou matt Letzeburg ass. Mir sin no sengen Aussoen e Paradis fiscal an en Etat antisocial, deen durch en anert Europa bekämpft muss gin. Et ass deeselwechten Hr Emmanuelli, deen de Comité vum Neen op Letzeburg invitéiert, fir d’Letzeburger zum Neen ze bekéieren !

***

An der Verfassung gesin ech sechs wichteg Schrëtt no vir.

Fir t’éischt gin all bestehend Vertragsbestëmmungen an engem Text zesummengefaasst. Dodurch gët ët fir jidfereen méi einfach, d’Grondlagen an d’Bestëmmungen vun der EU ze verstoen. Den 1. an den 2. Deel hu konstitutionelle Charakter, mais och den 3., well e beschreiwt, wéi d’Répartitioun vun de Kompetenzen zwëschen Memberlänner an Unioun genee verleeft.

Zweetens enthält d’Verfassung d’Grondwerter an d’Normen, op déi d’EU opbaut. Sie enthält den europäesche Gesellschaftsmodell matt de Finalitéiten, déi d’Länner zesummen ustriewen : eng sozial Maartwirtschaft, d.h. eng frei Wirtschaft, déi an der Welt vun haut konkurrenzfäheg ass ; e soziale Modell, deen ëmverdeelt a schützt ; Solidaritéit ënner de Leit, de Länner an de Regiounen ; Nohaltegkeet an Emweltschutz.

Dat matt där Klorheet nidergeschriwen ass eng verfassungsméisseg festgeluechten Obligatioun. Et ass fir t’éischt an där Klorheet d’Visioun vun der europäescher Gesellschaft.

Drëttens verbessert d’Verfassung de Fonctionnement vun der EU no bannen an no baussen.

Véiertens gët d’EU méi demokratesch a méi transparent, matt méi Pouvoirsen fir d’EP an d’NP am europäesche Gesetzgebungsprozess. Sie deet sech op fir d’Birger durch de verfassungsméisseg festgeluechten Sozialdialog wéi och den Agrëff vun der Zivilgesellschaft.

Fënneftens enthält d’Verfassung wichteg Bestëmmungen, fir d’Aussenpolitik an d’Secherheet vun de Länner ze verstärken.

A sechstens gët ët méi einfach, zesummen fir ons bannenzech Secherheet ze schaffen an e Raum vu Recht a Gerechtegkeet a Secherheet ze schafen.

***

Här Präsident,

Et gët vill Froen iwer d’EU an iwer de Verfassungsvertrag an der Populatioun.

Et ass nun awer nët esou, wéi wann déi Verfassung elo op eemol aus dem Neischt entstanen wär.

Vill Organisatiounen, Beruffschamberen, wirtschaftlech a sozial Acteursen hun sech zum Vertrag ausgedréckt. Hinnen muss ee Merci soen fir hir Aarbecht.

Et ass och hei d’Geleenheet, fir de Kolleginnen an de Kollegen aus der Chamber, déi sech an de leschte Joren am 1. wéi am 2.Konvent investéiert hun.

Déi zwee Konventer waren keng Constituante, mais trotzdem demokratesch an offen Veranstaltungen fir t’éischt an der Geschicht vun der EU. Sie verdengen weder d’Ironie vum Conseil d’Etat nach d’Frechheeten vun de Gourouen vum Neen.

Am 1.Konvent fir d’Ausaarbechtung vun der Charta vun de Grondrechter waren dat den Hr Paul-Henri Meyers, d’Madame Simone Beissel, d’Madame Renée Wagener an ech selwer, am 2. Konvent den Hr Paul Helminger, d’Madame Renée Wagener, den Hr Gaston Gibéryen an ech selwer fir d’Chamber, den Hr Jacques Santer an den Hr Nicolas Schmit fir d’Regierung.

Déi Konventsmitglieder hun offen an öffentlech iwer Europa diskutéiert.

D’Chamber huet an de Joren 2000, dun 2003 Auditiounen organiséiert. Sie hat Débats’en iwer d’Ausrichtung vun denen zwee Konventer. Sie huet all Kéier eestëmmeg déi Orientatiounen festgeluecht huet, déi d’Vertrieder vun der Chamber an dene Konventer verfollecht hun. Et gët dozou Motiounen, déi all Fraktiounen hei matt gedroen hun.

Nëmme just ee Beispiel. Mir hun Dënschdes, den 1.Juli 2003, nom Enn vum 2. Konvent, hei eestëmmeg eng Motioun ugeholl, ënnerschriwen vum Hr Gibéryen, dem Hr Helminger, dem Hr Claude Wiseler, dem Hr Jos Scheuer a mir selwer. Eestëmmeg heescht och, dass den Deputéierten vun Déi Lenk, den Hr Serge Urbany, se deemols mattgestëmmt huet. An där Motioun gouf d’Réussite vum Konvent begréisst, gouf begréisst, dass d’Démocratie participative agefouert gët, dass d’Charte vun de Grondrechter an d’Verfassung integréiert gët, dass d’Wertegemeinschaft op eng Verfassungsbasis gesat gët, dass d’Roll vun den nationale Parlamenter verstärkt gët.

Haut ass dat laang hir, keen erënnert sech méi drun, weder den ADR nach Déi Lenk, déi monter op d’Verfassung klappen.

Déi Konventer u sech waren e wichtege Schrëtt hin zu méi Transparenz an Demokratie. Mir wëssen, dass de Verfassungsgeber an Europa d’Regierungen sin. Sie hun den zwee Konventer Mandater gin, an d’Konventsmitglieder hun sech an dem Kader bewegt. Dofir konnten se och nët déi bestehend Verträg ëmänneren oder nei Kompetenzen fir d’EU schaafen. Soulaang d’EU e Bond vu 25 onofhängege Staaten ass, wärt dat esou bleiwen.

D’Chamber huet durch hir Mattaarbecht an de Konventer eng Responsabilitéit un dem Ganzen, an dofir ass ët nëmmen normal, dass se d’Campagne fir d’Verfassung mattmecht, matt Auditiounen, matt Versammlungen uechtert d’Land, an dat op eng oppen a fair Manéier, ouni Matraquage, ouni Materialschluecht. Dëst ass am Respekt vu verschidene Meenungen geschitt.

Dëst ass beispiellos an der Geschicht vun der Chamber. Et ass bei all dem souzeson nët zu innenpoliteschen Grabenkämpf komm, d’Chamber huet den Interesse vu Lëtzeburg an Europa am Aa an huet sech an all hiren Actiounen dono orientéiert.

Ech wëll och nët vergiessen, dass déi ganz europäesch Szen vu wirtschaftlechen a sozialen Acteurs’en, vun ONGen, vu Lobbyen e groussen Undeel un dem Resultat vum Konvent huet.

Ech erënneren mech drun, dass mer zesummen am Konvent matt dem EGB, sengem deemolegen Chef, dem Emilio Gabaglio, matt Politiker aus alle politesche Familjen en Aarbechtsgrupp iwer sozial Froen imposéiert hun, an dass mer zesummen matt denen Acteurs’en och aus dem Wirtschafts- a Sozialrot déi Artikelen a Formulatiounen durchgesat hun, déi dem Vertrag eng aner, eng méi sozial Nues gin wéi all Vertrag virdrun. Datselwecht war schon de Fall am 1.Konvent iwer d’Kapitel Solidaritéit an der Charta, en neit Kapitel am Verglach zur europäescher Menscherechtskonventioun, op déi d’Charta sech an der Haaptsaach baséiert. An dofir freen mer ons iwer de breeden Accord vun de groussen Gewerkschaften vum EGB wéi dee vum OGB-L an dem LCGB, de Beruffschamberen vu Salariat a Patronat.

Här Präsident,

Ech wëll virun allem hei op sechs grouss Froen agoen, déi ëmmer erëm am Zesummenhang matt der Verfassung opgeworf gin.

***

Fir t’éischt ass ët d’Fro, firwat mer dann hei vu Verfassung schwetzen. D’Diskussioun heiriwer war nët ëmmer vun der gréisster Logik gekennzechent.

Déi eng hu behapt, lo géif alles definitiv an de Marber gestanzt, lo kënnt fir déi nächst 50 Jor neischt méi geännert gin, wéi wann nie eng national Verfassung geännert gi wär.

Déi aner hun sech iwer den Ausdrock Verfassung opgeregt oder ameséiert a gemengt, ët géifen heimatt falsch Virstellungen geschaft.

Dorop ass ze entwerten, dass d’Verfassung reng juristesch en internationale Vertrag zwëschen 25 Länner ass, deen wéi all Vertrag geännert kann gin, wann d’Länner alleguer averstanen sin. Dëst ass an der Vergaangenheet e puermol geschitt. Et geschitt och an d’Zukunft nach oft. Dass dee Vertrag wéi déi meescht europäesch Vertreeg bis elo op onbeschränkt Zeit ofgeschloss gët, ännert neischt dorun.

Mais d’Virstellung vum Konvent war ët, am éischten an am zweeten Deel verfassungsméisseg Bestëmmungen zesummenzefaassen, fir endlech d’EU verständlech ze maachen an aus der EU méi ze maachen wéi e Maart, nämlech eng Wertegemeinschaft grad ewéi eng politesch staark integréiert Unioun.

D’Diskussioun iwer déi zwee Deeler war intensiv a richtungsweisend. Als Beispiel wëll ech d’Diskussioun iwer d’Gleichheet vu Fraen a Männer citéiren : d’Fro war, ob ët néideg ass, niewend der Gleichheet allgemeng nach spezifesch d’Gleichheet zwëschen Fraen a Männer als Grondwert ze betounen. Dëst war eng Fuerderung vun der Fraenlobby vu ganz Europa, huet vill Fraen mobiliséiert an ët ass dann och esou an den Artikel iwer d’Valeurs’en agesat gin. Et sin also wuel Verfassungsbestëmmungen, déi am 1. an am 2.Deel enthalen sin.

Och den 3. Deel huet konstitutionelle Charakter an dem Sënn, dass déi Kompetenzen, déi am éischten Deel an déi Grondrechter, déi am zweeten Deel festgeluecht gin, am 3. Deel genee beschriwen an emschriwen gin. D’EU ass nun eemol keen souveränen Nationalstaat, d’EU ass e Bündnis, dat nëmmen déi Pouvoirs’en huet, déi d’Nationalstaaten ëm gin. Dofir d’Noutwendegkeet vun enger verfassungsméisseger Emschreiwung vu de Komptenzen vun dem Bündnis.

***

Déi zweet Fro, déi ëmmer erëm opgeworf gouf, ass déi vum sougen. neoliberale Charakter vun der Verfassung.

D’EU ass e Bündnis vu Länner, déi alleguer fir déi frei Maartwirtschaft a géint eng staatlech dirigéiert Wirtschaft sin. Ennert dene Länner gët ët der, déi méi liberal sin, aner déi ët manner sin. Et gët der, déi 40 Jor laang de real existéierende Sozialismus am Sowjetreich erliewt hun an neischt méi vun dirigéierter Economie wëssen wëllen. Letzeburg ass seit jehier wirtschaftlech en äusserst liberalt Land matt engem enken Sozialnetz. Onse wirtschaftleche Liberalismus huet ons dozou gefouert, vun Delocalisatiounen ze profitéiren an Nischen ze besetzen. Onse Reichtum, matt dem mer onst Sozialnetz grad ewéi ons öffentlech Verwaltungen an öffentlech Dengschter bezuelen, berout op offene Märt a Konkurrenzfähegkeet, op gleiche Chancen fir d’Länner alleguer.

D’Fro ass awer haut nët déi vun der Maartwirtschaft. D’Fro ass haut déi vun der Entwert vun onse Länner op d’Erausfuerderungen vun onser Zeit. Fanne mer als Europa eng Entwert zesummen op d’Konkurrenz matt China, Indien, Japan, den USA, si mer konkurrenzfäheg oder gët Europa zu enger Gegend, déi stagnéiert an hannendra fällt ? Könne mer d’Aarbechtslosegkeet zesummen bekämpfen oder maache mer dat, wéi mer dat elo maachen, jidfereen fir sech ?

Dëse Verfassungsvertrag enthält keng nei Mëttelen a Weer an där Hinsicht, well kee Land seng Beschäftigungspolitik un d’EU ofgi wëllt. De Lissabon-Prozess begnügt sech matt der Coordinatioun vun eegestennegen nationalen Politiken. Souwuel um steierleche Plang wéi um Plang vun der Schoul an der Berufsbildung behalen d’Länner hir voll Souverainetéit.

D’Steieren bleiwen vun der Unanimitéit bestëmmt, sou wéi Letzeburg dat an der Regierungskonferenz gefrot hat. Den Exposé des motifs vum Projet seet awer, dass à terme d’Unternehmensbesteierung harmonsiéiert sollt gin, fir den Dumping social ze verhënneren, an dobei kënnt een dann och eng Dosis Majoritéit aféieren.

D’Unien an d’Fuerschung sin a bleiwen national Kompetenzen. D’EU kann op dem Plang matt hirer „compétence d’appui“ höchstens Programmer virschloen. An der Fuerschung soll en europäesche Fuerschungsraum geschaft gin, matt pluriannuelle Rahmenprogrammer, denen hir Existenz awer vun den néidege Finanzmëttelen ofhänkt.

Wesentlech fir déi frei Maartwirtschaft z’encadréiren sin déi sougen. horizontal Artikelen um Ufank vum 3.Deel vun der Verfassung, déi gär iwersi gin, déi awer eng grouss Bedeitung hun an och zum Deel ganz nei sin. Sie bestëmmen, dass d’Gleichheet vu Frau a Mann, de Kampf géint Ongleichheeten allgemeng, den Asaaz fir en héije Beschäftigungsgrad, fir Sozialschutz, géint all Diskriminéirung, fir den Emweltschutz an de Verbraucherschutz an all Politik musse respektéiert an aktiv bedriwen gin.

Hei si wichteg a ganz konkret verfassungsméisseg festgeluechten Hiewelen fir Parlament a Conseil, fir ONGen a Gewerkschaften, op alle Gebidder équilibréiert Léisungen durchzesetzen.

Am Zesummenhang matt der Diskussioun iwer den Neoliberalismus geht vum sozialen Dumping rieds, an direkt dono vun der Bolkestein-Direktiv an der Aarbechtszeit-Direktiv.

De sozialen Dumping behält Letzeburg matt senger sozialer Gesetzgebung am Grëff. Onst Aarbechtsrecht gëlt fir jidfereen, deen zu Letzeburg schafft, ob vu baussen oder vu bannen. Weder d’Verfassung nach déi bestehend Verträg stellen déi a Fro. Dozou kommen gesetzlech Instrumenter, déi d’EU ons an de leschte Joren gin huet, wéi z.B. d’Entsenderichtlinie, déi d’national Märt géint den Dumping ass Nidreglounlänner schützt.

Déi zwou uewe genannten Direktiven, déi wéi „Arguments massues“ vun den Neen-Vertrieder gebraucht gin, hun matt bestehende Verträg ze din, déi an der Verfassung nët geännert gin. Eng Oflehnung vun der Verfassung géif also weder déi Direktiven vernichten nach se änneren, well déi bestehend Verträg bestoen bleiwen, awer dann ouni déi zousätzlech sozial an ekologesch Garantien, déi an der Verfassung stin. Am Gegendeel kann d’Ratificatioun vun der Verfassung nei Instrumenter gin, fir esou Direktiven besser ze bekämpfen, wann se dann zum sozialen Ofbau féiere géiwen.

***

Déi drëtt Fro betrëfft déi öffentlech Dengschter. Och dat eng Diskussioun, déi bei de Beschäftegten vun onser Eisenbunn an aneren öffentlech rechtlechen Betrieber fir Diskussioun an Onrou suergt.

Ob een dobei vu „service public“ oder vu „service d’intérêt économique général“ schwetzt ass e Wurtspill ouni Bedeitung wann dann d’Objektiver klor sin.

D’EU bekëmmert sech nët ëm „services publics“ nët kommerzieller Natur. D.h. dass sie sech nët ëm Schoul, nët ëm de Gesondheetsdengscht matt Spideeler, Médecine, Pfleg bekëmmert. Sie bekëmmert sech nët ëm Sozialdengschter an och nët ëm d’Mindestakommes, nët ëm déi öffentlech Kranken- oder Altersversecherung. Dëst ass d’souveraine Kompetenz vun all Land.

D’EU huet gedeelte Kompetenzen fir d’Transportmëttelen, op der Stross an der Schinn, fir Telecommunicatiounen, Post an Energie.

Et ass einfach falsch ze behapten, d’EU wëllt déi Servicer durch Libéralisatioun a Privatisatioun futti maachen.

Sou leeft dat nët. D’EU huet villen öffentleche Betrieber e grousse Maart opgemaacht an se dodurch zur voller Entfalung bruecht. Dat gëlt fir d’EdF an d’SNCF a Frankreich. Dat gëlt fir d’Letzeburger P et T , déi haut eng héich profitabel a performant Entreprise ass, déi op hir Clientsen ageht. Och d’CFL gët ëmmer besser an hiren Dengschtleeschtungen fir d’Clients’en am Land an an der Groussregioun. Och fir de Fret setzt d’Regierung voll op d’Schinn, am Land wéi och iwer d’Grenzen eraus. Kee wëllt den öffentlechen Dengscht futti maachen, mais villméi him Chancen fir d’Zukunft opmaachen.

Hei besteht secher en echten Problem ze wëssen, wat öffentlechen Dengscht ass a wat ennert d’Konkurrenz fällt, d.h. wat nach öffentlech finanzéiert kann gin a wat nët. Dëse Problem gouf intensiv am Konvent diskutéiert. Doraus entstong dee wichtegen Artikel 122, deen och nët aus dem neischt entstanen ass, mais aus engem konsequenten Asaaz vu villen fir den öffentlechen Dengscht. Domatt gët eng legal Base geschaft, fir en europäescht Gesetz iwer d’öffentlech Dengschter auszeschaffen.

***

Véiert Fro : vill Mëssverständnisser gët ët am Zesummenhang matt der Charta vun de Grondrechter. Déi eng fannen, dass nach vill méi Rechter dra stoen missten, wéi den droit au logement, den droit au divorce, den droit à l’avortement, asw., déi aner regen sech op, dass den droit au travail durch den droit de travailler ersat géif.

Mir hun xmol an onse Versammlungen gehéiert, wat nët an der Charta wär. Mir hun awer nët eng Kéier gehéiert, wéi wichteg ët ass, dass ët déi Charta vun de Grondrechter iwerhapt gët, an dass se nach verstärkt gët durch d’Absicht vun der EU, déi an der Verfassung verankert ass, fir als EU der europäescher Menscherechtskonventioun beizetrieden. Et war zu Nice am Dezember 2000 nët méiglech, d’Charta an de Vertrag opzehuelen, sie ass deemols eng reng Déclaratioun bliwen, sie war domatt nët bindend. Dat brengt d’Verfassung färdeg. Dofir loossen mer emol positiv sin an ënnerstreichen, dass ët kee Kontinent gët, deen esou ëmfaassend aklobar Grondrechter fir seng Bierger virgeseit wéi Europa durch d’EU.

D’Charta vun de Grondrechter ass kee komplette Katalog vun alle méigleche Rechter - dee Katalog gët ët och nët an den nationale Verfassungen. Och d’Letzeburger Verfassung enthält weder e Recht op Scheedung nach e Recht op Ofdreiwung. D’Charta enthält awer déi wesentlech Grondrechter vun all Europäer, sou wéi se seit 50 Jor an der europäescher Menscherechtskonventioun bestin an onst Liewen bestëmmen . Dës Grondrechter können, wann d’Verfassung da kënnt, virum EuGh ageklot gin, géint d’Kommissioun, géint d’Institutiounen, géint den Nationalstaat, wann en europäescht Recht exécutéiert.

Doniewend behält all Bierger seng national Rechter, wéi se a senger Verfassung stin a wéi seng Gesetzgebung se ausféiert. D.h. am Klortext, dass den Divorce, deen eng national Kompetenz ass, nët vun der Charta beréiert gët, dass den Avortement, deen eng national Kompetenz ass, nët vun der Charta betraff ass.

En aneren gesellschaftspoliteschen Thema ass déi berühmt Gottesreferenz, déi vum Vatikan verlaangt gouf. Letzeburg huet dat nët mattgemaacht, an dat ass gudd esou. D’Präambel vun der Verfassung schwetzt vun kulturellen, humanisteschen a religiéisen Ierwschaften. Den Artikel 52 seet, dass d’EU dee Statut respektéiert, deen d’Kirchen an d’nët kirchlech philosophesch Organisatiounen an de jeweilege Länner hun. Den Artikel 52 seet och, dass d’EU den Dialog matt de Kirchen an de philosopheschen Organisatiounen sicht. Ech hu kee Problem mam Dialog.

Deen Artikel heescht, dass all Land sei Verhältnis matt senger Kirch oder senge Kirchen an sengen Organisatiounen selwer bestëmmt. De Voile oder nët, d’Schächten oder nët, Staatskirch oder laïzistesch Trennung vu Kirch a Staat, alles dat ass national Kompetenz, an déi d’EU sech nët mëscht. Sie weist awer op hir Werter an Normen hin : Nëtdiskriminéirung, Gleichheet, Toleranz, Freiheet, Respekt vun der Diversitéit.

***

Wéi d’Chamber am Jor 2000 un all Haushalt zu Letzeburg e Questionnaire iwer d’EU verschéckt huet, krut se vun iwer 10 000 Biergerinnen a Bierger als Haptmessage erëm, dass zwou Saachen misste verbessert gin, nämlech déi bannenzech Secherheet an d’Optrieden vun Europa no baussen.

Déi fënneft Fro, déi ech dofir uschwetze wëll, betrëfft de Raum fir Freiheet, Secherheet a Gerechtegkeet. An engem Europa ouni Grenzen ass déi international Kriminalitéit eng Gefor.

Et ass eent vun den sensibelsten Gebidder, wou d’Länner am stärksten op hir Souverainetéit halen : Zesummenaarbecht vun de Policen an der Justiz, Froen vun Unerkennung vu Gerichtsurteeler, Asyl- an Immigratiounspolitik, Rapprochement vu Strofrecht an Zivilrecht sin sensibel a komplex Gebidder, an denen am Konvent grouss Fortschrëtter erreecht gouwen.

Sou gët an Zukunft d’Gestioun vun de Baussegrenzen gemeinsam organiséiert.

Eng gemeinsam Asylpolitik matt Protection subsidiaire a Protection temporaire gët ausgeschafft.

Och d’Immigratiounspolitik soll gemeinsam traitéiert gin, ouni dass allerdengs d’Zuel vun den Immigranten gemeinsam festgeluecht gët. De Menschenhandel besonnesch och vu Fraen a Kanner soll gemeinsam bekämpft gin.

Souwuel Europol wéi Eurojust sollen iwer europäesch Gesetzer weiderentwéckelt gin. D’National Parlamenter sollen an Zukunft an d’Kontroll vun Europol matt agebonnen gin.

Och den europäesche Gerichtshaff gët kompetent um Gebitt vun der gerichtlecher Zesummenaarbecht am Strofrecht an an der Coopératioun vun der Police. De Gerichtshaff kann och Mesuren géint physesch Persounen am Kader vun der Aussenpolitik kontrolléiren. Eenzel Persounen können an Zukunft méi oft vrun de Gerichtshaff goen, well se nët mussen direkt an individuell concernéiert sin, mais nëmmen direkt.

***

Sechst Fro : d’Optrieden vun Europa no baussen a seng Secherheet vis-à-vis anere Länner.

Europa ass e Block vun 450 Mio Awunner an déi éischt Wirtschaftsmuecht vun der Welt. Europa huet an der Verfassung Objektiver no baussen, ouni déi ët hir Objektiver no bannen nët erreechen kann : Fridde schafen, anere Länner hëllefen sech entweckelen, d’Charta vun der UNO hëllefen durchsetzen. Also un der Gouvernance vun der ganzer Welt deelhuelen. Europa brauch Stabilitéit a Secherheet u senge Grenzen. Déi ganz action extérieure vun Europa muss kohärent an hire verschiddenen Zielsetzungen sinn.

D’Aussen- a Secherheetspolitik war an ass oft Objet vun groussen Meenungsënnerscheeder zwëschen de Memberlänner.

Déi eng wëllen e staarkt Europa an der Welt als Gegengewicht zu Amerika. Déi aner wëllen hir eegen national Aussenpolitik. Besonnesch déi grouss Länner halen op hir Eegestennegkeet. Frankreich an England denken nët drun, hire Sëtz an dem Secherheetsrot vun der UNO fir d’EU opzegin. Den Irak-Krich huet gewisen, dass all Land seng voll Handlungsfreiheet a Froe vu Krich a Fridden behalen wëllt.

Dorun ännert d’Verfassung neischt. D’ Eestëmmegkeet bleiwt de Prinzip. Et kann kee Land forcéiert gin, opzerüsten. Et gët och keng europäesch Arméi. Zu Letzeburg gët och de Militärdengscht nët agefouert. Mir mussen mur och nët sozial ofbauen, fir ons Mëttelen ze gin, an der internationaler Solidaritéit géint den Terrorismus virzegon.

Zwar gët ët en Aussenminister, matt engem Fouss am Conseil an engem an der Commissioun. Engem Mann oder enger Frau d’Fiedem an d’Hand gin, ass en institutionelle Fortschrëtt, mais keen inhaltlechen.

Wann och d’Verfassung déi gemeinsam Aussen- a Secherheetspolitik nët revolutionnéiert, mecht d’Secherheets- a Verdeedigungspolitik e Spronk no vir.

Eischte Punkt dovun ass d’Solidaritéit enner de Länner. Et gët eng Solidaritéitsklausel no där d’EU an hir Memberlänner engem Land vun der EU hëllefen, wat ënner enger terroristescher Attack oder enger Katastroph ze leiden huet.

Eng zweet Solidaritéitsklausel seet, dass d’Länner sech ënnereneen hëllefen, wann ee Land militäresch ugegraff gët.

D’Secherheets- a Verdeedigungspolitik vun Europa huet als Ziel, Konflikter un de Grenzen vun Europa ze verhënneren an d’international Secherheet am Respekt vun der UNO-Charta ze verstärken.

Europa huet dobei e Problem. Et gin véier neutral Länner an de Rescht si Membere vun der NATO. Déi an der NATO sin, wëllen d’NATO als Schutzmëttel nët opgin. Déi aner wëllen hir Neutralitéit nët opgin. Sie sin awer alleguer bereet, als Europäer zesummen fir de Fridden ze kämpfen. Dat ass de Créneau, op dem mer schaffen. Nët Europa der NATO ausliweren, nët Europa den USA ausliweren, mais Europa seng eegestenneg Verantwortung fir de Fridde gin. Also Europa stärken.

Domatt wëllt d’EU keng imperialistesch Muecht sin, déi Ugrëffskricher féiert. D’EU huet bis elo matt Diplomatie a Scheckheft agéiert. An Zukunft gët se sech militäresch an zivil Mëttelen, fir un de Grenzen vun Europa an ausserhalb Europa anzegreifen, fir Fridden ze erhalen oder ze schafen.

D’Fro stellt sech fir Letzeburg, ob ët dat mattmaache wëllt oder sech do eraus halen wëllt. All Land ass do frei ze décidéiren. Ech sin der Iwerzeegung, dass Letzeburg sei Beitrag zum internationale Fridden maache soll.

Musse mer dofir oprüsten, muss Letzeburg sech „militariséiren“ ? Et gët ëmmer erëm op den Artikel 41 higewisen, an dem steht : „ Les Etats membres s’engagent à améliorer progressivement leurs capacités militaires.“ Och deen Text muss ee genee liesen. Do steht nët : oprüsten, do steht seng militäresch Capacitéiten verbesseren. Also Qualitéit, nët Quantitéit. Dat heescht, sech un dat upassen, wat un militäreschen Ausenanersetzungen op ons duerkommen kann.

Mir sin haut nët méi am kalen Krich matt der Course aux armements. Mir sin an enger Zeit matt neien Erausfuerderungen fir ons Secherheet. Haut brauche mer keng Panzerdivisiounen méi géint d’Sowjetunioun, mir brauchen keng Rakéiten méi no Osten gericht, mir brauchen keng atomar U-Booten, mir brauchen och keng Massen Zaldoten.

Mais mir brauchen gudd ausgebilten a spécialiséiert Zaldoten, militäresch Mëttelen fir Asetz a Krisegebitter, Ween fir ons Zaldoten ze schützen, Transportméiglechkeeten fir schnell op d’Plaaz ze kommen fir ze hëllefen, Démineurs’en, Spezialisten, fir e Land erëm opzerichten.

Domatt stärken mer Europa, maachen mer Europa méi onofhängeg vun den Amerikaner. Mir behalen dobei ons Letzeburger Entscheedungskraaft, wann ët heescht iwer Krich oder Neutralitéit ze entscheeden.

Här Präsident,

Et gët wéineg iwer wichteg demokratesch Errungenschaften an déi Straffungen an der Verfassung geschwat. Dat hätt matt Institutiounen ze din, géif also keen interesséiren.

Ech verstin dat nët. Et handelt sech hei ëm Muechtverdeelung. Wichteg Weichen gin an der Verfassung gesat, déi an Zukunft och d’Mattsproochrecht vun de Bierger an d’Kontroll vun der EU-Politik durch d’Parlamenter verbesseren wärten.

Déi éischt ass déi méi klor Andeelung vun de Kompetenzen : wien mecht wat an der EU, d’Memberstaaten oder d’EU ? Déi Andeelung mecht ët de Bierger méi einfach ze verston, wat an der EU geschitt.

Eng aner dovun betrëfft d’Kontroll vun der Subsidiaritéit durch d’National Parlamenter. Dat klengt komplizéiert, ass ët awer nët. Ons Chamber wärt an Zukunft Gesetzprojetsen vun der Commissioun als éischt kréien an ënnersichen, ob se néideg sin, fir op engem Gebitt virun ze kommen. Matt anere Wierder : brengt dee Projet eppes fir d’europäesch Politik, d.h. fir d’Länner all zesummen, oder ass ët besser, d’Länner maachen dat fir sech oder op eng aner Manéier.

Wéi der wësst, hu mer dat mam 3. Paquet ferroviaire probéiert. Dat gët nët einfach, ass awer néideg an erlabt onser Chamber, direkt um Bols vun der europäescher Gesetzgebung ze sin.

Déi aner Weich ass d’Ausweitung vum Mattentscheedungsrecht vum EP. Dëst Parlament, an dem mer secher sin, ons sechs Setz ze behalen, kritt ëmmer méi Poids an der europäescher Politik an Unerkennung vun de Bierger.

Ech fannen ët och wichteg, dass de Kommissiounspräsident vum Parlament gewielt gët. De Conseil d’Etat begréisst dat, a bedauert, dass d’Parlament op Grond vun enger eenzeger Kandidatur entscheeden muss. Méi demokratesch wär ët, wann d’Parlament méi Kandidaturen virleien hätt, oder wann d’national Parlamenter matt agebonnen géiwen. Dat gëlt och fir de Choix vum nationale Commissaire.

Letzeburg behält seng „Hiewelen“ an der EU, fir sein Afloss geltend ze maachen. Et behält „sei“ Commissaire bis 2014. Dono ass Letzeburg an zwou vun drei Commissiounen vertratt. Letzeburg huet och nach d’Présidence vum Conseil während sechs Méint. An Zukunft gët matt duebeler Majoritéit ofgestëmmt, dobei huet Letzeburg eng Stëmm wéi all déi aner, awer nëmmen 450 000 Awunner. Fir d’Verfassung ze änneren, kann an Zukunft och nach e Konvent aberuff gin.

Här Präsident,

Fir ofzeschléissen wëll ech drei perséinlech Grönn soen, firwat ech fir de Jo zum Verfassungsvertrag sin.

Et sin drei einfach Grënn.

Den éischten betrëfft déi Freiheet, déi mer all Daach hun.

Gëschter hun ech op der Letzeburger Televisioun e Reportage iwer e Letzeburger gesin, deen hei schafft an am Frankreich wunnt. E verdengt seng Sous’en hei, gët se hei an a Frakreich aus. Geht all Daach iwer d’Grenz ouni Problem, huet Openthaltsrecht an engem frieme Land, scheckt seng Kanner do an d’Schoul, an dat alles ouni Problem. Gëschter och hate mer mazedonesch Parlamentarier zu Besuch. Fir op Letzeburg ze kommen, brauchen se e Visa, musse laang dofir op den Am bassaden Queue maachen, sin an hire Grenzen ageengt. En anert Liewen am Europa vum 21. Jorhonnert.

Den zweete Grond betrëfft d’Secherheet vu Lëtzeburg, déi vun all den anere Länner vun der EU matt garantéiert gët.

Den drëtte Grond betrëfft de Gesellschaftsmodell. Mir sin e Land matt enger héichentwéckelter Economie an engem staarken Sozialnetz. Mir wëllen dat halen an ausbauen an zugleich kompetitiv bleiwen. Dës Verfassung respektéiert onse Sozialmodell an ons wirtschaftspolitesch Freiheet.

Här Präsident,

No den zwee Neen an Holland an a Frankreich huet d’EU sech weder Finanzperspektiven fir déi nächst siwe Jor gin nach huet se d’Perspektiv, fir an hirem Fonctionnement besser ze gin.

Déi nächst Présidence ass nët als eng bekannt, déi frou ass matt der Verfassung nach matt engem staark integréierten Europa.

Mir erliewen eng schwiereg Zeit.

E massive Jo vun der Chamber haut an onse Bierginnen a Bierger den 10. Juli ass déi beschten Entwert op dës schwiereg Zeit. Sie weist, dass den Auswee iwer déi Errungenschaften féiert, déi dës Verfassung enthält.

Dofir : jo zur Verfassung, jo zu Europa !

Vous êtes ici : Sommaire > Redaktion > Ben Fayot : Bericht über den Europäischen Verfassungsvertrag