Aktuell Informatioun an Dokumentatioun iwwert d’Verfassungsdébatt zu Lëtzebuerg
 
Newsletter

Abonnieren Sie unseren Newsletter:

Agenda

E. Mousel : Ongläichgewiicht beim pro&contra

Emile Mousel (emile.mousel@internet.lu) schreibt am 2. Juli 05 21:24 :

Ech wor gëschter erëm an enger pseudo-Volleksversammlung wou jo d’Vollek Argumenter vun den eenzele Stréimungen dofir an dergéint kéint froën an sèng Meenung dozou soë kéint. Fir unzefänken wore schon nemmen zwee Leit déi fir de NEE, a véier Leit déi fir de JO woren um Gespréichsdëch. dovun hun déi professionell Politiker,déi jo baal all fir de JO sin, an och gewinnt sin ze pallaveren, déi meeschten Zäit fir sech an Usproch geholl amplaatz déi meeschten Zäit fir no ze lauschteren ze gebrauchen. Eng ganz parti Leit, net all, si frustréiert heem gaangen, well se net zu Wuert komm sin. An dann ass dat geschitt, wat emmer geschitt wann ee keng Argumenter méi huet. Ee Politiker fir de JO huet ee fun de Vertrieder vum NEE ouni Ursaach perséinlech ugegraff andems en e wollt a séng Vergaangenheet aspären, mat der en e wollt schlecht maachen an als onéierlech dohinner stellen, waat joo guernäischt mam Thema "géint oder fir des Verfaassung" ze din huet. Glécklecherweis ass et awer net derzou komm, dass e Géigner vun deser Verfaassung gesot krut, e wir géint Europa, well dat zitt neierdéngs net méi.
Ech hat d’Impressioun dass déi Leit déi dergéint sin, dohinnergestallt géifen, wéi wann se onéierlech, onwessend oder karément ze domm wiren fir ze verstoën. Et gëtt jo awer ganz vill Leit déi net ze domm sin a fir e grousst an eenegt Europa sin, an eng Verfaassung fir Eurpoa richteg a gutt fannen, mä net déihei.

Waat huet déi europäësch Länner an deene 60 Joër nom läschte Krich an Europa verhënnert fir déi vill geluëften europäesch Wärter ze réaliséieren. A wa gesot get, den Europäer géif et durch all déi europäesch Verträg besser goën da froën ech mech watfir Europäer gemengt sin. Sollen dat déi iwer 20 000 000 offiziell Aarbechtsloser, déi krank, déi Aal, d’Invaliden, déi Fleegbediirfteg sin oder waatfireng. Wann een déi international Norichte liëst a lauschtert a kuckt muss ee feststellen, dass et grat dese Leit amgaang ass un de Pelz ze goën. An daat ännert des Verfaassugng och net, well an deene Beräicher därf jo all Land maache wat et wëllt an och selwer finanzéieren.
An do si mer beim Ponkt. Dat kascht. An dann därfen all des schwaach Membere vun eiser Gesellschaft net méi sou usprochsvoll sin, well d’Finanze gin netméi duer. Dann héiert een neierdéngs deen neie Slogan : Räichtum, fir alles dat ze finanzéieren, misst ëmmer fird’éischt erwirtschafft gin, an dofir bräichte mir fird’éischt eng gutt Wirtschaft. Ma mir haaten an hun nach emmer eng "gutt Wirtschaft". Daat beweisen d’Billanzen mat deenen déi grouss Betrieber a Banke sëch all Joër iwwebidde wat d’Gewënner ugeet. Dat ass jo dee Räichtum deen erwirtschaft gin ass a fir deen all d’Leit hu misse schaffen. Jhust si kréien näicht dovun. An dat gët durch des Verfaassung och net geännert, well Gewënn maachen gët duerch dës gerechtfärdegt. All gi mer géinteneen a Konkurrenz gesaat. An daat schléisst praktesch Solidaritéit a Bridderlechkeet aus, déi awer institutionaliséiert misst gin fir d’Armut an Europa an der Welt ze bekämpfen. Dee Konkurrenzprinzip deen an dëser Verfaassung verankert soll gin, bréngt eis erëm op den Niveau vun den Déieren am Urbësch. Eis Welt funktionéiert am Moment zum gréissten Deel esou, a wann een humanistesch Wärter wéi Gläichheet, Bridderlechkeet, Fräiheet, Gerechtegkeet a.s.w. gutt an héich hällt kann een dës Verfaassung net unhuëlen a misst een sech asetzen fir en aanere Wee ouni faul Kompromisser.

Egal wéi een et dréint : An 99,9% vun de Fäll bläiwt d’Kaatz der Maus hiren Doutfeind a gin se Nie Frënden

emile mousel vu Leewel

Vous êtes ici : Sommaire > Redaktion > E. Mousel : Ongläichgewiicht beim pro&contra