Aktuell Informatioun an Dokumentatioun iwwert d’Verfassungsdébatt zu Lëtzebuerg
 
Newsletter

Abonnieren Sie unseren Newsletter:

Agenda

Stellungnahme der UNEL auf dem Jugendkonvent im Parlament am 13. Mai 05

Wat dann elo léif Leit ?
Déi eng soën Verfassung, dei aner nennen et Traité a nach anerer schwetze vun engem Traité mat constitutionellem Wert. Also wann ech hei op der Dier « Chamber » liesen dann huelen ech un dass hei och eng Chamber dran as. A wann ech ee Buch vu 480 Saiten hu wou Verfassung dropsteet, wat soll dann do wuel dra sin ?
An der Ufangsried as gesot gin : “élaboré de manière démocratique et transparente”. Also vill Leit si, mengen ech, net gefrot gin. Mir kruuten se ferdeg dohi geluegt.
A lo kënne mer just nach “jo” oder “nee” soën. Eng Verfassung, déi de Wee opmecht fir Privatiséirung vun den öffentlëchen a sozialen Déngschter no amerikanëschem Muster.
Eng Verfassung mat Verpflichtung zou Oprüstung an d’Méiglëchkeet vu militärëschen Interventiounen ouni UNO-Mandat.
Kee souveränt Europaparlament an also keng richteg Trennung zweschen Exekutiv a Legislativ wei sëch dat fir eng Demokratie gehéiert.
Et get vill vu Konkurrenz geschwat, wou huet dann do nach d’Solidaitéit Platz vun där der sou gäre schwetzt ? Och den technëschem a wirtschaftlëchen Fortschrëtt steet am Sënn vun der Konkurrenz an also net am Sënn vun der Mënschheet. Mir Jonker kréie mol kee Recht op Arbëcht verséchert. Eng Politik am Sënn vum Profit an der Konkurrenz kann net fir de klenge Bieger geduecht sin. Virwat sollen europäesch Politiker aner Interessen hu wéi amerikanëscher. As engem Europäer den Humanismus etwa ugebuer ? Europa geet och fir wirtschaftlech Interessen iwer Laichen !
Léif Politiker, mir vertrauen iech nët ! Virwat sidd dir quasi all eestëmmeg dofir ? Wat hutt der welles a virwat froot der eis iwerhaapt nach ?
Et sti vlaicht puer gudd Sachen dran an et si sécher gudd Usätz do (z.B. an Saache Jugendpolitik), mee dei schlecht Saachen, dei Onsecherheeten op dei och vill vun den « Experten » heibannen keng Äntfert hun, an d’Geforen déi sëch hannert konfusen a juristesch emstriddenen Artikelen verstoppen, huelen iwerhand.
Dofir stemmt d’UNEL mat NEE.
Mir soe JO zu engem aneren Europa mat enger wirklech sozialer an demokratesch etabléerter Verfassung.

Merci !

Vous êtes ici : Sommaire > Redaktion > Stellungnahme der UNEL auf dem Jugendkonvent im Parlament am 13. Mai 05