Aktuell Informatioun an Dokumentatioun iwwert d’Verfassungsdébatt zu Lëtzebuerg
 
Newsletter

Abonnieren Sie unseren Newsletter:

Agenda

Feyder-Beffort Denise an Arthur : Referendum oder „Parteitag“ ?

Mär froen eis, wat dann elo den 10. Juli geplangt ass, e Referendum iwwert eng méiglech europäesch Verfassung oder e Plebiszit vun eiser politescher Klass, Majoritéit an Oppositioun le tout confondu ? Décidéiere mer den 10. Juli, op mer de Verfassungsvertrag wëllen, respektiv refuséieren, oder décidéieren mer, op e Staatsminister, seng Regierung an hir Majoritéit solle bleiwen oder net ?

Wann eis politesch Elite de Fransouse virwërft, si hätten den 29. Mai d’Innenpolitik mam eigentlechen Thema verwiesselt, da musse sech dëse Virworf och gefale loossen, well firwat sollen et Neiwalen an Demissioune ginn, wann d’Lëtzebuerger géint de Verfassungsprojet sinn ? Geet et drëms, datt den 10. Juli 99,99% „Jo“ soen, esou wi dat bei de Parteitagen vun KPDSU, SED asw. War an haut nach a China a Nordkorea ass, oder sollen d’Léit fräi hir eege Meenung soen ? Wat priméiert, déi stéril, institutionaliséiert politesch korrekt « pensée unique », déi dacks doniewt läit, oder d’Fräiheet, seng Meenung ze hunn an ze soen ?

Wann dat Demokratie a Respekt vum Bierger ass, dann ass et ëm Letzëbuerg an Europa ganz schlecht bestallt, an e luguberen an onverdauleche Verfassungstext ännert dat bestëmmt net.

Vous êtes ici : Sommaire > Die Debatte in Luxemburg > Wortmeldungen > Feyder-Beffort Denise an Arthur : Referendum oder „Parteitag“ ?