Mir sin als Stëmmvolléks schon sou munneches gewinnt :
kee Referendum beim Vertrag vu Maastricht !
kee Referendum beim Euro !
An elo e Simili-Referendum bei der EU-Konstitutioun ! ! !
Dass d’Politiker eis domme Wieler näischt zoutrauen, ass jo näischt neies :
Mir hu jo keng Ahnung dovun, wat gudd ass fir eis, fir eis Gesellschaft, fir eis Emwelt...
Mir hätte jo nëmme gär Saachen, déi onméiglech sin...
Mir géifen suguer mol déi falsch Partei oder déi falsch Leit wielen...
Wann se kënnten, géifen eis Politiker - déi jo alles besser wëssen ! - wuel am léifste ganz op déi onkamoud an onberechebar Wieler verzichten ! Dann hätte mer offiziell eng "Diktokratie" oder eng "Demokratur".
An dann déi affrontéiert a bëlleg Erpressung vun eisem Premier : Mir missten all mat JO stëmmen, soss géing hien op Bréissel ! Ma dann soll e goen !...
Wann dee sougenannte Referendum souwisou nëmme konsultative Charakter huet, da kënne mer jo roueg NEE stëmmen, well da schloe mer zwou Mécke matenee :
den Här Juncker geet endlech op Bréissel, wéi en dat versprach huet,
an eis Deputéiert hu wéinstens nach eppes ze dun, fir asu eisem NEE e JO ze man.
Ech wor éierlech geschockt, wéi ech en Dënschdeg, den 12. Abrël, op der Chamber-TV den Här Jacques-Yves Henckes vum ADR als eenzege hun héire soen, eise Referendum zur EU-Konstitutioun hätt nëmme konsultative Charakter ; ma mëttwochs stoung et och am "d’Wort".
Ech fannen et einfach eng Gemengheet an eng Frechheet vun der Chamber a vun der Regirung, eis zu enger obligatorischer Wal opzeruffen, déi souwisou nët gëllt, wann se eise sougenannte "Volléksvertrieder" an de "Volléksdénger" (=Ministeren !) net passt.
Wéi kann een sëch ënner deene Konditiounen nach iwwer eis grouss "Politiker-Middegkeet" wonneren, déi d’Politiker einfach an ongenéiert op eng "Politik-Middegkeet" ëmdeefen. Dobäi interesséieren sech vill Leit fir d’öffentlech Saach, mä d’Politiker hënneren se dru matzeschwätzen : Schliisslech hu mir hinnen e Blankoscheck ausgestallt - si nennen dat e Mandat - an dee gëllt bis déi nächst Walen : d.h. mir sollen eis aus der "Real-Politik" eraushale !
Enner deene Konditioune kann ech nët fir d’EU-Konstitutioun stëmmen, souguer wann ech dofir sin : Ech si Prinzipiell géint all Form vun Erpressung a Verdommung, besonnech wann se vu méi oder manner qualifizéierte Leit kënnt, déi maachen, wéi wann se an eisem Numm géife schwätzen ; dobäi interesséiert et si e fiichten Dreck, wat mir Wieler (=d’Vollek) denken, fillen a liewen.
Enner Demokratie stellen ech mir schon laang eppes aanescht vir, wéi dat Trauerspill, dat se hei am Land an anerwäerts Politik nennen.
Dir Häre an Damme Spëtzepolitiker/innen ! - maacht dat, wat der net kënnt loosen, mä ouni mëch !