Aktuell Informatioun an Dokumentatioun iwwert d’Verfassungsdébatt zu Lëtzebuerg
 
Newsletter

Abonnieren Sie unseren Newsletter:

Agenda

Francine Closener, RTL Radio Lëtzebuerg : Kommentar zum Referendum

Wësst Dir eigentlech, wéi gutt dass mir et hunn hei zu Lëtzebuerg ? Nee, wierklech, dat ass kee Witz.

Jiddereen huet eng sécher Aarbechtsplaz, eng déck Pei, an eng bëlleg Wunneng, eis Schoule sinn tipptopp an null reformbedürfteg, op de Stroosse leeft et wéi geschmiert, Stauen oder sou, dat kenne mir guer net.

Eise Gesondheets-Secteur ass deen efficacëste weltwäit, a mir hunn och zum Beispill iwwerhaapt keng Problemer mat Drogen-Ofhängegen, Alkoholismus oder Selbstmorden.

Mee elo kënnt dat Bescht iwwerhaapt : Mir brauchen elo net méi selwer ze denken... Dir gleeft et net ?

Ma dach, et ass awer sou : d’Denken an iwwerleeën, oder vläit eventuell souguer eppes hannerfroen, dat ass komplett iwwerflësseg, an elo, fir de Referendum den 10te Juli iwwer d’EU-Verfassung ass dat ee fir allemol gebongt.

Ouf, wéi praktesch. Mir brauche just de grousse Parteien ze follegen, schéi brav Jo ze stëmmen an alles ass beschtens. Mir sinn dann déi allergréisst an Europa, eise Premier ass net béiss mat eis a bleift bis an all Éiwegkeet zu Lëtzebuerg a mir hunn ee fir allemol kloer gestalt, dass mir mat allem d’Accord sinn, wat mir a punkto Europa déi lescht Jore servéiert kruten, dass alles tipptopp ass an et ëmmer sou soll viru goen

Allerhand, dass et tatsächlech Leit ginn, déi Nee wëlle stëmmen !

Dat musse jo dann entweder där sinn, déi onbedéngt Krich wëllen, lénksextrem oder rietspopulistesch sinn oder awer kräizdomm. Et ass guer net méiglech, dass ee fir Europa ass an awer géint d’Art a Weis, wéi et géréiert a gefouert gëtt, fir eng Erweiderung, mee géint d’Vitesse vun der Erweiderung, fir eng EU-Verfassung mat e puer Artikelen, déi 100 Joer a méi sole gülteg bleiwen, mee awer géint ee Schmöker vu 500 Säiten, wou Saache festgeluegt ginn, déi net an e Grondgesetz gehéieren, mee a Gesetzer.

Souwisou versteet ausser den Experte keen eppes, mee mir brauchen dat alles jo och guer net ze liesen, dat loosse mer maachen. An déi Komesch do, déi Nee wëlle stëmmen : t’ass nëmme richteg, dass déi keng Sue fir hir Campagne kruten.

Wou komme mer dann do hin, si mir an enger Demokratie ?

An dass d’Fransousen an d’Hollänner Nee gesot hunn, dat ass jo och kee Wonner : déi eng soen ëmmer nee, an déi aner sinn dach all zougekifft.

Anscheinend sinn elo e puer Politiker bei eis e bëssen nervös : déi fäerten, et géif schief ausgoen. Mee ech si sécher : mir Lëtzebuerger follege ganz gutt. A mir fannen et och ganz logesch, dass de Verfassungstext bei engem Nee zwar net nei verhandelt gëtt, dass mer awer bei engem Jo ganz bestëmmt nach Besserunge kréien, souzesoen als Cadeau.

Also : keng domm Froe méi w.e.g., den 10te Juli Jo gestëmmt an da frou an zefridden op den Apéro.

Vous êtes ici : Sommaire > Redaktion > Francine Closener, RTL Radio Lëtzebuerg : Kommentar zum Referendum