Aktuell Informatioun an Dokumentatioun iwwert d’Verfassungsdébatt zu Lëtzebuerg
 
Newsletter

Abonnieren Sie unseren Newsletter:

Agenda

L. Sales : Europa brauch en kloren JO ! ! ! !

Luc Sales (l.sales@pt.lu) schreibt am 25. Mai 05 21:26 :

Et deet mer schons baal wei, ze gesin datt an der Teschenzait och schons Letzebuerg d’Ziel vun deer populistescher Propaganda gett, wei se an deenen leschten Wochen Frankreich befall huet.

Bei enger kritescher Analyse gett engem direkt kloer datt all dei grouss Argumenter geint d’Verfaassung eigentlech Loftbloosen sin :

-   emmer nees gett iergendwou gesoot d’Constitutioun geif d’Dieren grouss opmaachen fier den Baitrett vun der Turkei - um processuss d’adhésion vun der Türkei ännert d’Verfaassung guer naischt, d’Négociatiounen laafen schons (matt oder ouni Verfaassung). Den aktuellen droit communautaire erlaabt en Baitrett genau sou einfach wei en ennert der Verfassung meiglech wier.

-   dei fameis Direktive Bolkenstein : aus Mangel un berechtechten Argumenter fier den NEEN, gett emmer nees behaapt d’Constitutioun geif heeschen datt Direktive Bolkenstein adopteiert gett. Et brauch een sech just eng ganz einfach Froo ze stellen : ennert wei engem Traité gouf des Direktive aus geschafft an proposeiert ? D’Äntwert ass net mei komplizeiert : ennert deem am Moment applicabelen Text ; also ass et ganz evident datt en Neen geint d’Constitutioun an guer kengem Fall et ermeiglechen geif des Direktive op Ais ze leen. Den aktuellen Traité CE an sengen Artikelen 49 ss. setzt ganz kloer d’Basen fier eng libre ciruclation des services, daat heescht fier d’Direktive Bolkensetin, an dorun waert d’Constiution (op se gestemmt gett oder net) iwwerhaapt naischt änneren !

-   genau daat selwecht gellt fier d’Argument d’Verfaassung fir Eurpa wier zevill liberal : den aktuellen Traité CE verbitt lo schons ganz kloer all mesuren « qui ont pour objet ou pour effet d’empêcher, de restreindre ou de fausser le jeu de la concurrence ». D’europäesch Constructioun ass nun emol à la Base en economeschen Projet, an den Progrès vun eiser Economie ass och d’Garantie vun engem sozialen Europa. Doriwwer defineiert den Artikel 1-3 vun der Constitutioun ganz kloer den « développement durable de l’Europe fondé sur une croissance économique équilibrée et sur la stabilité des prix, une économie sociale de marché hautement compétitive, qui tend au plein emploi et au progrès social » als en Objectiv vun der EU.

-   oft gett gesoot d’Constitutioun wier vill ze vill komplizeiert an onverständlech fier de Bierger. Natierlech ass se komplizeiert ! ! ! Et duerf en sech jo awer keng Illusiounen maachen an et muss een realistesch bleiwen : D’EU ass eng ganz complex Cooperatioun vun 25 souveränen an onofhängegen Staaten, dei verschidden Deeler vun hieren nationalen Kompetenzen zesummen leen an daat an ganz diversifieierten Domainen dei vun der Educatioun, iwwert d’politique agricole commune, bis hin zu der cooperation judiciaire reechen. Et geet hei em eng complex juristesch Constructioun dei bis an Detailer organiseiert si muss fier effektiv an zouverlässech ze sin. Et wier enorm schein wann Europa sou einfach matt engem Text vun 20 Saiten deen jidder Biirger versteet op zebauen wier : daat geet awer einfach net ! ! Viirwaat muss op eemol all Bierger kapabel sin sou en enorm juristeschen Text ze verstoen ? Ech sin Droit-Student ; ech sin der Meenung datt ech net kann an net muss z.Bsp. d’Genetik verstoen, och wann se mech all Daag an ganz konkret betrefft, an daat mei wei eng Verfaassung iwwert Europa.

Et ass also kloer daat all dei grouss Argumenter dei geint dei beis kapitalistesch Constitutioun ziteiert gin, eigentlech nemmen Moyen’en sin fier verschidden Ängscht a punkto Turkei, Bolkenstein asw. auszenotzen, an absolut naischt zu engem konstruktiver Debatt iwwert d’Constitutioun baidroen.

Waat net all Mensch ze verstoen schengt daat ass datt des Constitutioun dei lescht Chance fier Europa ass, d’Retard’en aus deenen leschten Joeren nees an zehuelen :
-   eng Reform vun den Institutiounen vun der EU ass absolut neideg : dei aktuell Reegelen hun nach knapp fonktionneiert fier en Europa zu 15, sin awer bai waiten net mei kapabel en adapteierten an efficacen Fonktionnement vun engem Europa zu 25 oder 27 ze ermeigelechen. En Neen zu der Constitutioun geheit eis 5 Joer zereck, eng nei Negociatioun vun der Verfaassung (elo en plus zu 25) schengt onmeiglech an geif dei sou neideg Evolutioun vun Europa em Joeren ( ! ! !) hannen dran geheien.

-   Constiutioun proposeiert en Poste vun engem Ministre des affaires étrangères an engem stabelen, gewieltenen President : des 2 Fonktiounen geifen et endlech ermeigelechen Europa op der internationaler Szen en Gesiicht ze gin. Nemmen esou waert et meiglech sin eis gemeinsam europäesch Interêt’en ze verteidegen face vun den Weltmuechten Amerika, an deenen dei an noer Zukunft an Asien emergeieren waerten. D’europäesch Länner, an besonneg Letzebuerg, sin net kapabel individuell an isoleiert eng Pressioun oder e Gewiicht duer zestellen.

-   d’Verfaasung ass och eng Chance fier eis Europäer eng Etapp mei wait ze goen an ewech ze kommen vun enger stricter « union économique » dei Europa haut ass, fier dei eischten Keier an Europa eng « union politique, culturelle an sociale » ze grennen, an deer den « europäeschen Biirger » als solchen an engem Traité fest geluecht gett.

Waat ech awer nach speziell ennerstraichen well ass datt den Neen KENG Zukunft fier Europa ass, an net konstruktiv sin kann : eng Renegociatioun vun der Verfaassung ass net meiglech ! ! ! ! Well matt wiem geif een se maachen ? D’Unhänger vum Nee sin keen uniformen Grupp, mee setzen sech aus villen heterocliten Mouvementer ze summen dei als eenzegen gemeinsamen Punkt den Neen hun : wei keint een sech eng Renegociatioun viirstellen matt als Verhandlungs-Partner rietsradikal Vertrieder wei den “front national” an Frankraich, Royalisten, an Kommunisten ? ? Do kann een net zu engem Resultat kommen.

An deem Senn sin ech ganz kloer fier en JO zu der europäescher Verfaassung, an ech sin der Meenung datt et d’Responsabiliteit vun all Biirger ass den 10. Juli Jo ze stemmen. En Neen geif eis alleguer schueden, op een sech elo als Letzbuerger oder als Europäer fillt.

Vous êtes ici : Sommaire > Redaktion > L. Sales : Europa brauch en kloren JO ! ! ! !